|
9e Optioun 3D - Trimester 1 2015/2016 07.12.2015 9e Optioun 3D - Trimester 1 2015/2016
Dëst ass déi éischter Kéier datt den Optiouns-Cours "3D Printing" organiséiert ginn ass. De Cours behandelt 4 grouss Themen an deem d'Schüler méi oder manner grouss Projet'e realiséieren hu missen.
1. Eppes nomaachen
Hei hunn d'Schüler en Objet kritt, deen si, esou gutt et gaangen ass, moossgetrei hu missen nomodelléieren an dann erausdrucken.

2. Selwer eppes Kreatives entwerfen
Hei ass et nët drëms gaangen eppes ze kopéieren, ma selwer eppes Kreatives ze bauen an dann natiirlech och duerno als realen Objet aus dem Drucker eraus ze kréien.
Aufgab: Entwéckel eng LAM-Büroklammer

Aufgab: Entwéckel et Kannerschutz fir Steckdousen

Aufgab: Entwéckel eng kreativ Form fir Kichelcher aus ze stiechen

3. Eppes flécken
Esou en 3D Printer erméiglecht et engem divers Saachen déi futti sinn mat wéineg Opwand a fir wéineg Geld erëm ze flécken. En éischte Grupp hat als Aufgab fir eng Plastikskëscht, déi am Turnen zu Broch gaange war, erëm a Stand ze setzen.
Eng aner Grupp sollt eng Drckskëscht flécken, bei der e Steck ofgebrach war. Dëse Grupp hat awer leider ënnerwee keng Loscht méi hiert Stéck fäerdeg ze maachen ...
4. Eppes am Grupp entwéckelen
Hei ass et droëms gaangen fir zu méi eppes méi grousses ze bauen. D'Aufgab war, e klengen Auto ze bauen. Et hunn also missen Rieder, Achsen, e Chassis an eng Carcasse separat modéiert ginn. Natiirlech awer esou datt d'Stécker duerno och obenee passen.


|