LAM  
 
   

 
 > 19-20.10.17 Séjour pédagogique & sportif 7G1, 7G2 & 7G3

19-20.10.17 Séjour pédagogique & sportif 7G1, 7G2 & 7G3
23.10.2017

Dëst Joer war di 3. Editioun vun eisem "Séjour pédagogique et sportif" mat eisen dräi 7'en zu Lëltz. Leider kruten mir e puer Deeg virdrun di schlecht Nouvelle, dass nees d'Waasseraktivitéiten wäerten wéinst den Bloalgen ausfalen. Vu que dass op der Base nautique awer och vill flott Landaktivitéiten ugebueden ginn, stoung dem Spaass an der gudder Laun Näischt mi am Wee. 

Deelgeholl hunn insgesamt 52 Schüler, an betreit goufen se vun eisen 3 Sportsproffen Mme Reuland, Mme Ludovicy an dem H. Kirpach.

4 Aktivitéiten (MTB, Geocaching, Kloteren ann Course d'Orientatioun) verdeelt op di 2 Deeg stoungen um Programm, ann d'Sportsproffen vun der Base nautique hunn wéi ëmmer hiren Job super gemaach. Hinnen och en grousse MERCI!

D'Nuecht an der Jugendherberge war wéi gewinnt ustrengend an kuerz ;-). Mir kruten gutt gekacht an d'Wieder huet bis op e puer Drëpsen, Freides Moies, tipp top matgespillt.

Fotoën op eiser Lam-Sport Facebook Saït.

 

actualisée le 2018.02.01 — © Lycée des Arts et Métiers