LAM  
 
   



 
Actualités > Projet Cent Buttek am LAM-Site Dommeldange Actualités récentes - Archives

Projet Cent Buttek am LAM-Site Dommeldange
07.03.2018

All d’9ième Schüler hunn Stage-Perioden, déi hinnen een Abléck an d’Aarbechtswelt kënnen erméiglechen. Verschidde Schüler verbréngen an dem Zesummenhang hier Stagewoch moies am Centbuttek. Dësen Projet gouf virun e puer Joër durch d’Zesummenarbecht vun zwou Educatrice Graduéen aus dem Lycée des Arts et Métiers initiéiert an coordinéiert.

D’Madame Christine KÜNTZINGER an d’Madame Nadine JUNKER leeden deen Stage-Projet zesummen a begleeden d’Schüler och dobai. Am Cent-Buttek paken d’Stagiairen bei den alldeeglechen Tâchen wéi d’Geméis an Uebst aussortéieren eng Hand mat un. Si léieren esou wuel déi eenzel Benevollen kennen, wéi och d’Fonctionnement an d‘Utilitéit vum Cent Buttek.

Den Schüler soll engersaits d’Wichtegkeet vun der Schoul an den Stagen virun Aen geféiert ginn awer och anerersaits d’Konfrontatioun mat gewëssen Sozialproblematiken erméiglecht ginn, déi zu Lëtzebuerg net ëmmer op den éischten Bléck siichtbar sinn.

Um Ënn vun der Stagewoch kréien d’Schüler een Certificat de Benevolat fir an hiren Portfolio vun der Schoul.

Aus dësem Projet résultéiert d’Idee fir een Don un den Cent Buttek ze maachen.

Fir Fongen ze sammelen hunn Schüler aus verschidde Klassen een Stand um alljährlechen Wantermaart vun der Schoul organiséiert. Si hunn Hot-Dog, Pangescher a Wäffelcher verkaaf déi se selwer gemaach hunn. Och d‘Schüler aus der Klass 7P1 hunn si dobai tatkräfteg beim Baken ënnerstëtzt.

Duerch deen engagéierten Asaz vun den Schüler konnten 514.70 Euro gesammelt ginn, déi d’Schüler bei enger offizieller Scheckiwwerreechung un den Cent Buttek Freides den 9.2.2018 iwwerginn.

 

2018-03-07-16-46-DSC_2667.JPG

2018-03-07-16-46-IMG_4758.JPG

actualisée le 2018.03.07 — © Lycée des Arts et Métiers