LAM  
 
   



 
Actualités > Projet A.M.V.A. Actualités récentes - Archives

Projet A.M.V.A.
11.10.2018

Den 10. Oktober 2018 huet d‘4GACV1 zesumme mat hirem Régent, dem Här Tom Flick an den 2 Educatrices graduées, der Madame Nadia Casoli an der Madame Cherryl Closener, d’A.M.V.A. (Association pour Mal-Voyants et Aveugles) am LAM empfangen. Dës Associatioun huet sech zum Zil gemaach, d’Mobilitéit an d’sozial Integratioun vu blannen a séibehënnerte Leit ze verbesseren an déi Jonk ze sensibiliséieren. Dowéinst huet d‘Team vun der A.M.V.A. ee Workshop mat eise Schüler gemaach fir dass si gesinn, wéi blann Mënschen hiren Alldag meeschteren. Leider ginn et net vill Bicher fir blann Kanner an dowéinst sinn d’Schüler vun dëser Artistiquesklass motivéiert fir dëser Associatioun ee Buch fir blann Kanner ze gestalten.

Fir méi Informatiounen iwwert des Associatioun: https://www.facebook.com/amva.lu/

actualisée le 2018.10.11 — © Lycée des Arts et Métiers