LAM  
 
   
BTSi


 
BTS Informatique > House of Entrepreneurship Luxembourg Bienvenue - Actualités récentes - Articles de presse - FAQ - Présentation - Inscription
Enseignement - Validation des acquis - Dates importantes - Liens / Contacts

House of Entrepreneurship Luxembourg
21.11.2018

Ons Schüler vun de BTS Klassen hun den 20.11.2018 un engem Workshop am House of Entrepreneurship um Kirchbierg deel geholl.

Sie sin iwwert d’Wuesse vum Entrepreneursgeescht zu Lëtzebuerg an deene leschte Joren an och iwwer déi verschidde Schrëtt vun der Création d’entreprise informéiert gin.

Nodeems sie eng ganz Reih intressant Informatiounen kritt hun, hun sie a klenge Gruppen geschafft a probéiert selwer e BMC (Business Model Canvas) fir eng Start Up opzestellen.

Sie waren encadréiert vun engem Spezialist, dem Här Adis Sabanovic, deem sie zu all Moment konnten Froen stellen an deen sie beroden huet.

An engem Pitch hun sie duerno hire BMC virgestalt. Et ass vill diskutéiert gin. D’Schüler hun och geléiert dass konstruktiv Kritik vun aneren a permanent seng Ideen an och sech selwer a Fro stellen immens wichteg Bestanddeeler vun der Création d’entreprise sinn.

D’Chambre De Commerce du Luxembourg huet de Schüler vum Arts et Métiers an hire Proffen, dem Robert FISCH an dem Christian BOUDOT, merci gesoot fir dee flotten Echange. A mir soen och merci a freeen ons op eng gemeinsam Zesummenarbecht!

2018-11-21-14-37-46503201_2485045054845626_430882346179231744_n.jpg

2018-11-21-14-37-46519337_2485045058178959_5314045254452641792_n.jpg

2018-11-21-14-37-46503201_2485045064845625_6611187431532134400_n.jpg

actualisée le 2018.11.21 — © Lycée des Arts et Métiers