LAM  
 
   



 
Actualités > Actualités récentes > Volleyball Inter-Lycée Archives

Volleyball Inter-Lycée
26.04.2019

Gëschter huet dee jährlechen Interlycée-Volleyballtournoi, dee vum LCD organiséiert gëtt, stattfonnt. Eis Equippe ass ganz gutt erageklommen an huet direkt déi zwee éischt Matcher an der Poule gewonnen. Am drëtten huet se sech dunn awer misse geschloe ginn, konnt sech dunn awer an deenen zwee leschten erëm duerchsetzen. No der Ronn an der Poule war d'Equipe du punktgläich mat LGE, deen och 4 vu 5 Matcher gewonnen hat, ma well d'Equippe aus dem LGE awer an der Punktendifferenz ëm 1 butzegklenge Pinktelche besser war, goung et dunn fir eis Equippe an der nächster Ronn just nach ëm d'Platzen 4 bis 6, an dat obwuel mir d'Equippe vum LGE selwer awer geklappt haten.

No enger haushéijer Victoire géint den Gastgeber LCD an enger klenger Defaite géint den LCE (erëm just op ee Punkt ...), ass op dësem Joer dann eng awer nach relativ gutt 5 Platz derbäi erausgesprongen. Am ganze ware 17 Equippen ugemellt.

Wéi ëmmer war d'Ambience och dëst Joer super gutt a kollegial.

2019-04-26-17-26-IMG_20190425_200641.jpg

2019-05-02-15-32-LAM.jpeg

actualisée le 2019.05.02 — © Lycée des Arts et Métiers