LAM  
 
   





 
Actualités > Actualités récentes > Interlycées-Volleyball-Tournéier am LCD Archives

Interlycées-Volleyball-Tournéier am LCD
30.01.2020

Gëschter ware et erëm esou wäit: Den LCD hat op säin jäerlechen gutt organiséierten Interlycées-Volleyball-Tournéier invitéiert. Am ganze ware 15 Equippen ugemellt esou datt an der éischter Ronn an 3 Poule op Zäit (15 Minutte) gespillt ginn ass.

An eiser Poule ass haart - awer fair - gekämpft ginn. Déi zwee éischt Matcher hu mir ganz héich gewonnen. Duerno, an engem extrem spannenden a flotte Match, konnte mir eis mat just 4 Punkten Virsprong géint den LRML duerchsetzen. Ma leider sollten eis genee dës 4 Punkten duerno zum Verhängnes ginn. Dee läschte Match géint deen definitiv stäerkste Géigner, den LTETT, war dann och deen enksten. No ganz gudden éischte Minutten, an deem eise Géigner e bëssi iwwerrascht gewierkt huet, konnte mir eis e klenge Virsprong erkämpfen an och en Zäit laang halen. Ma den LTETT huet awer alles aneschters wéi geschlof an huet Ball fir Ball erop geschrauft fir eis punkteméisseg da schlussendlech ze iwwerhuelen. Trotz dem klenge moraleschen Down hu mir awer weider versicht eise Wee zeréck an den Match ze fannen. Mir hunn et reegelrecht an der leschter Sekonn gepackt op 20:20 aus ze gläichen an de Match mat engem Remis ze verloossen. Am Klassement ware mir domat punktgläich mam LTETT, deen awer mat enger Punktdifferenz vun 41 däitlech iwwer eiser 31 louch, sou datt mir an der Poule vun den zweetplacéierten ëm d'Platzen 4 bis 6 weiderspillen duerften.

An de Spiller ëm déi 4 bis 6te Platz si mir dunn op den LTA an op den MLG getraff, wou jidderee géint jidderee gespillt huet. Et ass hin an hir gaangen a schlussendlech koumt folgend Resultat derbäi eraus:

MLG - LTA > 25:23
LAM - LTA > 23:25
LAM - MLG > 25:23

Tjo, domat hat kee gerechent, mee mir hunn eis alleguer ëm eng gedeelte 4te Platz gefreet, genee wéi op d'Dusch an dat duerno nach gemittlech zesummen eppes Drénken :-D

 

2020-01-30-8-32-IMG_20200129_211245.jpg

actualisée le 2020.02.09 — © Lycée des Arts et Métiers