LAM  
 
   





 
Actualités > Archives > Année 2009 > Schoulfest 2009 Année 2018 - Année 2017 - Année 2016 - Année 2015 - Année 2014 - Année 2013 - Année 2012
Année 2011 - Année 2010 - Année 2008 - Année 2007 - Année 2006 - Année 2005

Schoulfest 2009
09.06.2009

Den 9. Juli ass et nees esouwait! No laangem hin an hier op et lo een Schoulfest gët oder net huet sech eng Grupp vu Schüler zesumme fonnt an den Schoulfestcomité gegrënnt! Mat engem Accord vun der Direktioun ass dunn entscheed ginn dass dëse Comité en Schoulfest organiséieren dierf am Stil wei et och eent lescht Joer gouf. Donneschdes den 9. Juli ginn et dann wei lescht Joer Atelieren dei vun den Schüler vir Schüler (an och Proffen) sinn. Mais bëssen anescht ass wei lescht Joer wärt et schon sinn, well dës Ateliere gi just Moies ugebueden. Mëttes sinn keng Ateliere geplangt mais amplaz wärte puer Bands an DJ's optrieden déi an der Schoul vir en ënnerhalsamen Programm wärte suergen! Och en Bodykicker an Sumoringen (mat den decke Costumen) wärt op der Platz ze fanne sinn.

Puer Infoe:

  • Atelieren sinn Moies, all Schüler muss an en Atelier goen.
  • Atelieren kennen entweder 2 oder 4 Stonnen daueren.
  • Schüler selwer mussen Atelieren maachen entweder alleng oder mat méi Organisateuren.
  • Falls Dir en Atelier wëllt maachen, muss Dir een Ziedel an den Sall 028 oder an Direktioun sichen goen vir den Atelier unzemellen an spéitstens bis den 19 Juni am Sall 028 oder an der Direktioun ra reechen. Den Ziedel kënnt dir och hei eroflueden.

Mëttes sinn Bands an aner Saache vir d'Ënnerhalung geplangt.

Bands and DJ'S: Bands an DJ's ginn nach annoncéiert!

Dësen Event ass dofir geduecht vir Schoulfest ze ënnerstëtzen. Falls net genuch Atelieren vir Schüler ugebuede ginn, gët Schoulfest ofgeblosen :(

Also w.e.g luet alleguerten Leit aus dem LTAM op dësen Event an vir datt och jiddereen et matkritt an et weiderer zielt!

Falls nach een Froen huet kann een se roueg hei stellen oder einfach Moies an da Paus an den Sall 028 luussen goen, do sinn bis den 19 Juni an all Moiespaus Leit vum Schoulfestcomité. Oder einfach eng Mail un <http://www.ltam.lu/index.php?include=email&?q=bmlJd3NLO0pTeDp9ZGREY1M-3D_37> oder <http://www.ltam.lu/index.php?include=email&?q=anhKdG47ZgtyeWBwfB5HcmREY1M-3D_37> schécken :)

De Schoulfestcomité seet iech am Viraus Merci :)

actualisée le 2009.12.23 — © Lycée des Arts et Métiers