LAM  
 
   





 
Schülerradio > Emissions > Beruffer aus der Moud - II

Beruffer aus der Moud - II [14.03.2009]

Och dës Kéier dréint sech alles erëm ëm Beruffer aus dem Secteur vun der Moud.

  1. Eng fréier Schülerin vun eiser Artistique, d'Nora Schlesser huet no der 13e Design studéiert an féiert haut en eegent Kleedergeschäft zu Bouneweg. Do verbënnt sie Ecologie an Design matenaner (http://www.minka.lu).
  2. E lëtzebuerger Moudefotografen, den Christian Aschmann, deen haut zu Paräis an zu Bréissel fir international Moudezäitschrëften schafft, war bei eis am Studio an erzielt vun senger Arbecht (http://www.christian-aschman.com).
  3. Dir erënnert ierch sëcher nach un d'Reklammen déi fir d'Locatioun vun den neien Veloen an der Stad iwwerall ze gesinn waren. Déi an nach vill aner Sachen huet d'Isabelle Dickes gemacht. Sie stellt eis hir Arbecht an der Pub an als Filmcostumière vir (http://www.stylisme.lu).
  4. Zum Schluss demonstréiert den Jeff Deichter, Schüler vun der 10e Générale nach wéi Beatbox geet an erzielt seng Erliewnisser bei der RTL-Castingshow.

Hannert dem Micro sinn fir dës Emissioun d'Schüler vun der 9e-Optioun „Radio“. Produzéiert an réaliséiert vum André SCHWARZ.


 Klick hei fir den Audiostream ze lauschteren ...

 Klick hei fir des Emissioun als MP3 eroof ze lueden ...

actualisée le 2010.01.03 — © Lycée des Arts et Métiers