LAM  
 
   





 
Schülerradio > Emissions > Gedenken un d'Befreiung vun den Konzentratiounslager

Gedenken un d'Befreiung vun den Konzentratiounslager [09.01.2009]

Den Schülerradio aus dem LTAM ass dësen Samschden 17. Januar erëm um radio 100,7 an zwar tëschend 14.00 an 14.30 Auer.

Am Ufank vun engem neien Joer freet een séch oft wat esou am läschten Joer lass war.

D'Schülerinnen an d'Schüler vun der 9e Optioun waren mam Mikro am Gebäi ënnerwee an hun séch ëmgehéiert.

Och dëst Joer weisen mir den Dokumentarfilm „Nuit et Brouillard“ bei der Geléigenheet vum Gedenkdag un d'Befreiung vun den Konzentratiounslager an zwar den Dënschden 27. Januar am Videosall S27 ëm 12h10.

An dëser Emissioun brëngen mir en Interview dat eis Schüler am Januar 2005 mam Här Eugène Goerens gemacht haten an wou hien seng schrecklech Erliefnisser als 20jähregen beim Doudesmarsch vun Auschwitz op Mauthausen erzielt.

Hannert dem Micro sinn fir dës Emissioun d'Melissa Smyslonsy, d'Lara Fischbach, d'Samantha Dos Santos, d'Corinne Freilinger an den Kevin Schortgen vun der 9e-Optioun „Radio“.

Produzéiert an réaliseiert vum André SCHWARZ.


 Klick hei fir den Audiostream ze lauschteren ...

 Klick hei fir des Emissioun als MP3 eroof ze lueden ...

actualisée le 2010.01.03 — © Lycée des Arts et Métiers