LAM  
 
   





 
Schülerradio > Emissions > Direktionswiechsel, Schoulcharta an e Workshop fir Jugendlëcher

Direktionswiechsel, Schoulcharta an e Workshop fir Jugendlëcher [19.12.2009]

Kurz virum Joereswiechsel steet an dëser Emissioun den Direktionswiechsel an eiser Schoul um Programm. An engem Interview hun sëch dofir den Norbert Jacobs an d'Véronique Schaber den Froen vun eisen Schüler gestallt.

Awer och eis Themenwoch déi jo iwwert eis Schoulcharta gangen ass, ass mat zwee Beiträg derbäi:

  • De Steve, d'Lexy, d'Vanessa an den Marc vun der 8TE3 erzielen iwwert hir Chartabox déi sie mam Uschi Schock entworf hun.
  • Wat sie beim Liesen vun Texter déi sech mat behënnerten Mënschen beschäftegen, derbäi geléiert hun erzielen eis dem Jean-Paul Fritz seng Schüler vun 8TE3 an zwar d'Tania, den Marc, d'Maité an d'Tessy.

Och den Casino Lëtzebuerg huet dës Vakanz erëm e interessanten Workshop fir Jugendlëcher, den vum Anne Reding virgestallt geet.

Passend zu Krëschtdag hun sech d'Schülerinnen an d'Schüler vun 9e-Optioun Radio nach e puer passend Texter erausgesicht.

Hannert dem Micro sinn fir dës Emissioun d'Schülerinnen und d'Schüler vun der 9e-Optioun Radio vum 1. Trimester. Produzéiert an réaliseiert vum André SCHWARZ.

actualisée le 2010.01.03 — © Lycée des Arts et Métiers