LAM  
 
   





 
Schülerradio > Emissions > De Kleeschen an d'LTAM-Dictée

De Kleeschen an d'LTAM-Dictée [16.12.2006]

Well Chrëschtdag virun der Dir steet, fannt Dir an eiser Emissioun dei folgend Beiträg:

Den 6. Dezember haten mir dei grouss Chance bei eis am Gebai den Kleesschen an seng Engelcher virun den Micro ze kreien.

Eis Matschüler konnten an engem 'micro-récréation' hir Méenung zu Chrëschtdag soen. Do sinn nawell interessant Sachen derbäi erauskomm.

An eiser Rubrik LTAM-NEWS beschäftegen mir eis des Keier speziell mam Thema «LTAM-Dictée».

'The winners take it all', dat gelt och fir dei Schüler dei bei der LTAM-Dictée gewonnen hun. Sie erzielen eis hir Andreck.

Wei esou eng Dictée virbereed an duerchgefouert get, dat erzielen eis d'Madame Veronica AFONSO an d'Madame Jacqueline WEBER.

Dei passend Musek gouf vun der Mme Anne DIEDERICH mat hiren 7e-Klassen gemacht. Mir spillen och Musek vun der neier CD vum Patrick Floener vun der T3IF.

Matgeschafft un deser Emissioun hun den Frank Hoeltgen, den Yannick Kihm an den Yannick Konrath.

Präsentéiert get des Emissioun vum Yannick Kihm, an der Technik ass den Ingo Dumlich.


 Klick hei fir den Audiostream ze lauschteren ...

 Klick hei fir des Emissioun als MP3 eroof ze lueden ...

actualisée le 2010.01.09 — © Lycée des Arts et Métiers