LAM  
 
   

 
Projets > Projets techniques > Shell Eco-Marathon > Shell Eco-Marathon 2011 Shell Eco-Marathon 2017 - Shell Eco-Marathon 2013 - Shell Eco-Marathon 2012 - Shell Eco-Marathon 2010 - Shell Eco-Marathon 2009

Shell Eco-Marathon 2011 - Resultater

Och dëst Joer war de Shell Eco-Marathon erëm e groussen Erfolleg. D'Gesamtdistanz konnt nach eng Kéier ëm ganzer 239 km verbessert ginn. Hei der Verlaf vun deene läschte Joeren:

  • 2009: 230 km
  • 2010: 428 km
  • 2011: 667 km, wat 4g CO2/km entsprecht

Och an de Platzéierunge vun den Gefiirer mat Verbrennungsmotor konnt eis Team eppes gutmaachen:

  • 2009: 95 vun 119
  • 2010: 63 vun 212
  • 2011: 36 vun 80

Teams mat engem Ausfall sinn dëst Joer net méi mat an d'Klassement opgeholl ginn. Bei de Prototype sinn der dëst Joer 15 ausgefall an bei den Urban Concepts +/- 5. Fir mat deene Joeren vu virdrun ze vergläichen, misst een also am Fong "36 von 100" soen. Desweidere sinn e puer Equipen op Elektroantrieb ëmgeklommen, esou datt déi dann an eisem Ranking och net méi optauchen.

Wann een elo just d'Platzéierunge vun de Prototype mat Benzin kuckt, dann gesäit et do esou aus:

  • 2009: (muss nach nogesicht ginn)
  • 2010: 30 vun 60
  • 2011: 26 vun 59

Am ganze leien 27 aner Universitéiten an der Plazéierung nach hannert eis.

 Biller vun der Kompetitioun

Artikel an der Auto Revue

 Video iiwwert d'Team Lëtzebuerg

Schaffen um Töff

Mir schaffen dësen Samsden Mëtten (30. Abrëll) ab 13:00 Auer um Ecotöff. De Rendez-vous ass am Atelier's gebei, Säll B02 an B04.

Um Programm steet:

  • Andeelen vun den Schüler an Arbechtsgruppen
  • komplett Revisioun vum Undriw vun 2010
  • Bauen vun engem neien Undriw System mat engem Planetengedriw
  • elektrisch Modifikatiounen um Motorpréifstand
  • komplett Revisioun elektrischen Cablage vum Töff
  • Ausschaffen vun engem Depliant (Flyer) fir Reklam um Lausitzring ze maachen vun eisem Töff an vun eiser Schoul (an vun Letzebuerg)
  • asw...

Mir schaffen och nächsten Samsden, 7 Mee um Töff vun Moies un. Eventuel schaffen mir och nach d'nächst Woch Méindes Wwes um Töff.

bis dann

Georges GLOESENER

 Biller vum Ökotëff am Wandkanal

Wat leeft am Moment?

An eiser Versammlung vum 16.03 waren 17 Schüler di och praktesch all wëllen mat op den Lausitzring fueren et waren Schüler vun de Klassen: 10TG1, X0MG, T1MG, T2MG, T2EC

Dëst Joer wëllen mir folgend Emännerungen abauen:

  • nei viischt Hybrid-Lager fiir d'Reiwung ze reduzéieren
  • neien Antriib System mat neiem Fräilaaf fiir d'Reiwung ze reduzéieren
  • eventuel eng besser Gewiichtsverdeelung am Ecotöff
  • verbesserten "data-logging" fiir den Pilot, dat heescht besser Kommunikatioun zwëschen Pilot, Töff an Team iwer Vitesse, Zäit, Motoremdréiung, asw...
  • eventuel nei elektronesch Aspretzung wann eisen Motorpréifstand funktionsfähig ass an mir dât testen kënnen
  • eventuel Tester am Wandkanal

Verschidden vun dësen Mesuren kënnen och hellefräich sin fir d'nächst Joer mat engem komplett neien Töff un den Start ze goen.

 

schéin Gréiss

Georges GLOESENER

actualisée le 2011.07.20 — © Lycée des Arts et Métiers