LAM  
 
   



 
Sport > LASEL > LASEL Results Aktuell - Documents utiles - Stages - Sportsektion - Photogallery
Videos - Staff - Arbeitsplatz - Link

LASEL CHAMPIONNAT SCHWAMMEN 01.02.18 um Geeseknäppchen

 

Den Max Mannes, Nicolas Tholl, Mike Adami & Christophe Adami hun eis Faarwen um Schwammchampionnat vertrueden. Den Max rappt richtëg of an erkämpft sëch 4 Championstitelen. All d'Resultater fannt dir ënner lasel.lu.

 

BRAVO un Iech All!

 

 

LASEL BADMINTON Championnat CADETS-JUNIORS-SENIORS 18.01.18 um Geeseknäppchen

 

Mir waren mam Sam Grün (Cadet), Tony Wang, Ben Kass (Juniors) an Mike Stamet (Senior) um Tournoi vertrueden. Den Tony konnt di gudd 7. Plaz an den Ben Kass di 14. Plaz ënner 41 Junioren erspillen. Bei den 31 Senioren haat de Mike staark Géigner an konnt demno net iwert di 30. Plaz erauskommen. Den Sam gëtt bei den Cadets den 14. vun 31.

Merci hinnen all fir hiren Asaatz a hir Gedold op deem laangen Tournoi;-)

 

IMG_7469.JPG IMG_7470.JPG

 

LASEL FUTSAL Championnat JUN-SEN 26.10.17 am LGL

 

Mir hunn dëst Joer mat enger Ekipp am Futsal Championnat (Seniors) mat gespillt.
Am éischte Match géint de Michel Lucius hu mir de Match an de leschte Minutten aus der Hand ginn a 4-4 gespillt. No enger klenger Paus hu mer eis mat engem 2-1 géint d’Ecole de la 2e chance 3 Punkten an déi 2. Plaaz am Klassement erkämpft. Am leschte Match goung et ëm déi 1. Plaz. Leider hate mer géint déi staark Ekipp vum LTC keng Chance a si mat 5-0 ënnert d’Rieder komm.
Een décke Merci un d’Jonge fir hiren Asaz an eng gutt 2. Plaz an eiser Poule.

FUTSAL26.10.17.JPG

IMG_0729.jpg

 

 

LASEL Walfer Vollékslaf 1.10.17 "Challenge Marc Savic"

 

EN DECKE MERCI UN DEN SCHMITZ PIERRE AN DEN THORN CHRISTIAN FIR HIER PARTICIPATIOUN.

 All d'Resultater stinn op www.lasel.lu

 

LASEL MTB Championnat 15.06.17 op der Thillsmillen

De Jeremy Villar Vargas huet ellen gekämpft fir bei den lizenzéierten Cyclisten matzehaalen an hien huet dem héigen Tempo missen Tribut zollen. Trotzdem war et eng flott 1. Erfahrung an sëcher net di lescht:-)

 

 

LASEL GYM OPEN 01.06.17 zu Uewerkuer

 

De Steve Weiwert huet di ganz gudd 1. Plaz bei den Senioren erturnt. BRAVO!

 

LASEL RONDEREM DE SEI 01.06.17 zu Iechternach

 IMG_6600.JPG

Bei ganz waarmen Wieder sinn eis Schüler di 7,2km ëm de Séi gelaf.

Resultater ënner www.lasel.lu

 

LASEL PARKOUR 18.05.17 am ALR

 18618779_10157068707151515_1240343696_o.jpg

 

LASEL MTB Rando 30.03.17 zu Mamer

En flotten Tour duerch den Mamerdall iwert den Bramëschhaff hunn mir mat ganz motivéierten Schüler gedréint. D'Sonn war um RDV an och um Ravi op der Drëps huet et unn Naïscht gefeelt:-)

Mir sinn 2018 sëcher nees derbei!

MTBrando30.03.17.jpg

Capture d’écran 2017-03-31 à 08.48.51.png

 

LASEL DËSCHTENNIS 09.03.17 mat LIZENZ am ALR

CAT C: 2. Plaz Mara OMS

CAT C: 9. Plaz Philippe THORN

CAT A/B: 5. Plaz Chris PETERS, 17. Plaz Thierry OMS & Pol LOMBARDI

TDT09.03.17.jpg

 

 LASEL BADMINTON JF NON-AFFILIEES 09.02.17 am LAML

 

D'Susana Neto konnt sëch trotz enger heftëger Erkältung di gudd 7. Plaz bei den Jun/Seniorinnen erkämpfen!

 

SusanaBM.png

 

 

LASEL STREETBALL JUN/SEN OPEN MIXTE 26.01.17 am AL

1. PLAZ:-)

Ennert dem Coaching vum H. Ibendahl huet eis Equipe et faerdëg bruecht den Tournoi ze gewannen an daat bei 30 Equipen! En ganz décken BRAVO unn d'Mandy Modert, den Fränk Jacoby an den Kevin Moura!!!

 

 LASEL BIKE DAY 27.10.16 am Bambësch

 

Den Jérémy Villar huet nees en flotten Nomëtten un sénger MTB-Technik gefeilt an huet sëch gudd amüséiert:-)

 

Capture d’écran 2017-04-26 à 10.17.41.png

 

 

LASEL BADMINTON Championnat affiliés 13.10.16 am AL

 

Den Yann Zaccaria (11TG2) an de Gil Pütz (9TE4) hunn eis Faarwen op dësem Championnat vertrueden an sëch schlussendlëch op der 3. Plaz (Juniors-Seniors) an der 8. Plaz bei de Cadets klasséiert.

BRAVO!

 

BIKE DAY 6.11.14 Baambësch

Den Fabio Da Costa Rodriques as um Bike Day 2014 bei den Cadets (trial éliminatoire) 1. gin. BRAVO!!!

Den Yury Wagner as bei den Minimes (trial éliminatoire) 2. gin. Super!!!

 

 

LASEL ISF BASKETBALL 23.10.14

 

6 Schüler hun d’Farwen vum LTAM um ISF BASKETBALL vun der LASEL verteidegt! Sie hun super gekämpft an alles gin. 

 

Merci dem Alessio, Johnny, Marvin, Patrick, Luca, Christan, leider konnten drai Schüler (Rick, Mike an Andrew net dobai sin)

 

 

AXXESS-CROSS 23.10.14 Bambësch

 

10 Schüler hun d’Farwen vum LTAM um Axxess-Cross vun der LASEL verteidegt! Bei kaalem an naassen Wierder hun sie alles gin!!!

En groussen Bravo dem Laetitia dat bei den Junior/Senior (3 km) an enger Zait vun 15’58 op den Podium kennt!!!

 

Di komplett Resultater ---> www.lasel.lu

 

LASEL CHAMPIONNAT CROSS DUATHLON 16.10.14

 

Mat enger Zäit vun 44min04 leeft den Mike als 7ten, an der Kategorie Junior/Senior, iwwert d’Arrivée. Den Claude klasséiert sech no 51min01 ob déi 10ten Platz. En groussen Merci un den Mike an den Claude =)

 

 

Den 16.10.14 huet eis Volleyball-Equipe am VB open mixte Championnat Senior (1998 gebuer oder mi aal) déi ganz gudd 4. Plaz beluecht!

 

7.07.14 EXCURSION SPORTIVE FLORENVILLE 

Fir eis Schüler ze belounen déi am meeschten an de Sportsektiounen matgemaach hunn sinn mir um Schouljoërenn op Florenville (B) gefuer. Moies hunn mir am Klotergaart an der Héicht geschweest an Nomëttes krut esou munch Een eng gratis Dusch während der Kayakfahrt op der Lesse. Et war en super flotten Daag a mir frëen eis well op 2015:-)

 

5.06.14 CHAMPIONNAT ESCALADE NON-AFF.

Den Denis HEINEN sëchert sëch di super 1. Plaz an de Sven LIEFGEN as op di 3. Plaz geklomm. Gratulatioun! D'Jungs an d'Laetitia waren esou midd dass sie all schief hänken;-).

Escalade Championnat non-aff'14

24.03.14 LTAM-LTPEM MATCH AMICAL VOLLEYBALL

An dësem Frëndschaftmatch huet den LTAM d'Iwerhand behaal an konnt sëch um Enn kloër behaapten. Merci un all d'Spillerinnen a Spiller och vum Emile Metz.

2VBVB-LTPEM

10TG3 CHAMPION INTERCLASSES FUTSAL'13-14

10TG CHAMPION interclasses Futsal'13-14

T4GT CHAMPION INTERCLASSES FUTSAL'13-14

T4GT Champion Interclasses Futsal'13-14

Championnats de ski alpin de la LASEL et de la FLS

à Adelboden du 16 – 19 janvier 2014

 

        

Felix Prager - Champion Slalom spécial U16

 

Svenja Gaasch - 2ème place Slalom géant U16

      

  

 

 

Den 22.11.13 huet d'LASEL hieren 75ten Anniversaire gefeiert! Happy Birthday! Am Kader vun der Séance Académique am ECG haaten d'Dänzer aus dem LTAM en ganz flotten Optrett. Den Video fannt dier ennert Départements - Sport - Vidéos - Dance.

En groussen Merci un eis Dänzer dei ganz vill Freizeit geopfert hun fier un där flotter Choreographie ze schaffen:Scholtes Véronique, Andrade Tracy, Rocco Caroline, Torres Sabrina, Lanca Daniela, Kauffmann Sally, Mendes Noemie, Maia Romao Ruben, Wilson Isaiah, Darrosa Tun

 

Den Samsten 16.11.13 hun d'Proffen an d'Schüler vum LTAM an vum LPEM en flotten MTB Tour duerch den Besch gemach. Merci un d'Organisatoren fier dei flott Initiative. Den nächsten RDV am Fréijoer ass schon geholl!

 

     

 

 

Den 7.11.13 hun 5 Schüler vun eis um Streetball Open Mixte vun der LASEL deelgeholl! Am AL hun sie sech spannend Matcher geliwwert an den LTAM ass op dei gudd 12t Platz vun 25 komm. Merci un den Thierry Wunsch, Jeff Besch, Alexis Loutsch, un d'Nicla Orofino an d'Mandy Modert.

 

 

 

Den 24.10.13 konnten eis Schüler op der Initiatioun am Mountain Bike weisen waat sie können an waat sie geleiert hun!

 

 

Den 17.10.13 sin eis Schüler um Axxess-Cross vun der LASEL am Bambesch matgelaf!

D'Resultater fannt dier op www.lasel.lu

 

8 Schüler waren den 10.10.13 an den ALR klammen!

 

Den Jérôme Theis ass Champion Senior am Cross-Duathlon vun der LASEL!

 

RESULTATS WALFER VOLLEKSLAF - CHALLENGE MARC SAVIC

9   BORMANN   Olivier   LTAM   M18  9   00:25:23
20   Stamet   Ricke   LTAM   M12  20 00:26:37
50   BREMER   Michel   LTAM   M14  49 00:29:21
92   FISCHER   Yves   LTAM   M16  81 00:32:28
94   GRÜNEISEN   Raphael   LTAM   M18  83 00:32:40
95   SCHMIZ   Pierre   LTAM   M12  84 00:32:43
110   ZACHARIAS   Raoul   LTAM   M14  95 00:33:33
163   VAN LEUVENHEIM   David   LTAM   M16  129 00:36:15
268   OLIVEIRA FERREIRA   David   LTAM   M12  187 00:42:02
346   DA COSTA GOMES   Alex   LTAM   M12  217 00:51:42

 

actualisée le 2018.02.05 — © Lycée des Arts et Métiers