|
Wëllkomm an der drëtter Rei (T0IF1)
D'Schüler aus der T0IF1 déi immenz vill Spaß beim Herr Fisch an da CREDO Stonn hatten, hun zesumme mat him a knapps 5 Stonnen een Trailer produzéiert deen "Déi drëtt Rei" heescht. Ob dorausser méi (eng Schow, e grousse Film, ...) gëtt, steet nach an de Stäeren.
Den Video gouf 2012 am Februar gedréit, ënnert der Kontroll vum Herr Robert FISCH mat 3 Haaptacteuren vun der T0IF1: Gilles, Christopher an Luka.
Deen Trailer ass déi läscht Stonne entstaanen, souzesoen als Belounung dofir datt d'Klass dat ganzt Semester iwwer voll bei der Saach war a gutt geschaft huet. D'Jongen aus der drëtter Rei hunn natiterlech méi wéi eng Kéier fir Gelächter gesuecht, wat meeschtens eng wellkommen Oplockerung vum Cours war. Esou ass et dann och zu dëser ganzer Iddi komm...
Vill Spaass beim Kucke vum Trailer :D
Trailer
Klick hei fir den Trailer ze kuken. (Quick Time Player)
Klick hei fir den Trailer ze kuken. (Flashplayer)
Foto Gallerie
Klick fier d'Foto Gallerie ze gesin.
Interview
Interview mam Gilles liesen.
Interview mam Luka liesen.
Interview mam Christopher liesen.
Werbung

  |