LAM  
 
   





 
Schülerradio > Emissions > Grenzen a Limitten

Grenzen a Limitten [11.01.2014]

Den Schülerradio aus dem LTAM ass dësen Samschden 11. Januar um radio 100,7 vun 18.30 bis 18.45 Auer.

Eis Themen sinn dës Kéier:

  • Den Thema vum Mount um 100,7 ass „Grenzen an Limitten“. Duerfir beschäftegen mir eis an eiser Sendung vun haut méi speziell mat der Situatioun am Gaza.
  • An eisem 1. Interview stellen d'Nadine Schmitz, Enseignante bei eis am Lycée an den Joshua, Schüler vun enger 12e Générale hir Initiativ fir mat Schüler aus engem Lycée am Gaza iwwert Email an Kontakt ze trieden vir, 
  • Am 2. Deel huet d'Nisreen, palästinensesch Studentin op der Uni Lëtzebuerg op dem Ken seng Froen iwwert hir Erfahrungen mat Grenzen an Limitten an der Westbank wéi och iwwert d'Liewen an d'Iwwerliewen do, geäntwert. 

D'Interviewen goufen realiséiert vun den Schülerinnen an Schüler vun der 9e-Optioun Radio vum 1. Trimester an 2. Trimester. Produzéiert an realiséiert vum André Schwarz.

Dir empfänkt den radio 100,7 op der Frequenz 100,7 MHz an als Livestream am Internet ënnert www.100komma7.lu.

Dir kënnt all eis Emissiounen aus dem Radios-Archiv vum 100,7 eroflueden. Eis nächst Emissioun geet den 8. Februar 2014 vun 18h30 bis 18h45 iwwert d'Antenn vum radio 100,7.

André SCHWARZ

actualisée le 2014.01.11 — © Lycée des Arts et Métiers