LAM  
 
   





 
Schülerradio > Emissions > Sport an Business

Sport an Business [07.02.2014]

Dir Damen an Hären

Léif Kolleginnen an Kollegen

Den Schülerradio aus dem LTAM ass dësen Samschden 8. Februar um radio 100,7 vun 18.30 bis 18.45 Auer.

Dës Kéier geet et ëm Sport an Business (Thema vum Mount um 100,7) an duerzou hunn mir den Europadeputéierten Claude Turmes am Interview an duerno stellen mir eis d'Fro "Wéi gesäit Aarbecht vun engem Verkeefer an engem Sportsartikelgeschäft aus?"

Dann stellt d'Anne Reding vum Casino Lëtzebuerg d'Experience Musée fir Lycéesklassen vun nächster Woch an och de Video-Workshop am Casino Lëtzebuerg an der Fuesvakanz vir.

D'Interviewen goufen realiséiert vun den Schülerinnen an Schüler vun der 9e-Optioun Radio vum 2. Trimester. Produzéiert an realiséiert vum André Schwarz.

Dir empfänkt den radio 100,7 op der Frequenz 100,7 MHz an als Livestream am Internet ënnert www.100komma7.lu.

Wann dir keng Zäit hut eis Emissioun live ze lauschteren, dann kënnt Dir zu all Moment ewéi all eis Emissiounen aus dem Radios-Archiv vum 100,7 eroflueden.

Eis nächst Emissioun geet den 8. März 2014 vun 18h30 bis 18h45 iwwert d'Antenn vum radio 100,7.

André SCHWARZ

https://ssl.ltam.lu/dycomasy/Portals/ltam/Uploads/schuelerradio/Fotolia_29266297_Subscription_XL.jpg

actualisée le 2014.02.08 — © Lycée des Arts et Métiers