LAM  
 
   





 
Schülerradio > Emissions >  En Oscar fir den Alex!

En Oscar fir den Alex! [07.03.2014]

Dir Damen an Hären

Léif Kolleginnen an Kollegen

Den Schülerradio aus dem LTAM ass dësen Samschden 8. März um radio 100,7 vun 18.30 bis 18.45 Auer.

Dës Kéier geet et ëm:

  • En Oscar fir den Alex! Den Christian Schaack, enseignant um BTS Animation erzielt eis méi iwwert eisen fréieren Student.
  • Chicken4me, eng Mini-Entreprise vun 11e-Schüler aus dem LTA vun Ettelbrëck, passend zum Thema vum Mount um 100,7 (Agrikultur). Mir waren leschten Méinden op Ettelbrëck fir d'Schüler ze interviewen.
  • Simmer Fluch, e neien Musical vun der UGDA an dem SNJ, wou Jonker ab 14 Joer sech nach bis zum 15. März kënnen umellen fir matzemaachen. Den Serge Schonckert an den Ian de Toffoli stellen eis dës nei Produktion vir.

D'Interviewen goufen realiséiert vun den Schülerinnen an Schüler vun der 9e-Optioun Radio vum 2. Trimester. Produzéiert an realiséiert vum André Schwarz.

Dir empfänkt den radio 100,7 op der Frequenz 100,7 MHz an als Livestream am Internet ënnert www.100komma7.lu.

Wann dir keng Zäit hut eis Emissioun live ze lauschteren, dann kënnt Dir se zu all Moment ewéi all eis Emissiounen aus dem Radios-Archiv vum 100,7 eroflueden.

Eis nächst Emissioun geet den 12. März 2014 vun 18h30 bis 18h45 iwwert d'Antenn vum radio 100,7. Dann geet et ëm: Wéi gëtt en Fuerscher an wat mécht e Fuerscher de ganzen Dag? Ass et fir e Lycées-Schüler iwwerhaapt interessant sech fir d'Carrière vun engem Fuerscher ze interesséieren?

André SCHWARZ

https://ssl.ltam.lu/dycomasy/Portals/ltam/Uploads/schuelerradio/Radio3-MAR14.jpg

actualisée le 2014.03.10 — © Lycée des Arts et Métiers