LAM  
 
   





 
Schülerradio > Emissions > Looking for GAZA & Europawahlen

Looking for GAZA & Europawahlen [03.05.2014]

Den Schülerradio aus dem LTAM ass dësen Samschden 3. Mee um radio 100,7 vun 18.30 bis 18.45 Auer.

Dës Kéier geet et ëm:

  • Den 25. Mee sinn Europawahlen. Ëm wat et dobäi geet an wat dës Kéier aneschters ass, dat huet eis den Europadeputéierten Claude Turmes an engem Interview verzielt.
  • Looking for GAZA huet den Ofschlossspektakel an der Escher Kulturfabrik vum Projet vun eisen 12en mat Lycéesschüler aus dem Gaza geheescht. D'Tammy vun der 12GE2 huet eis verzielt wéi hat perséinlech dësen Spektakel an de Projet erlieft huet an d'Nadine Schmitz mëscht e Réckbléck op dësen interessanten Projet.

D'Interviewen goufen realiséiert vun den Schülerinnen an Schüler vun der 9e-Optioun Radio vum 3. Trimester an vun Schüler vun der 12GE. Produzéiert an realiséiert vum André Schwarz.

Dir empfänkt den radio 100,7 op der Frequenz 100,7 MHz an als Livestream am Internet ënnert www.100komma7.lu.

Wann dir keng Zäit hut eis Emissioun live ze lauschteren, dann kënnt Dir se zu all Moment ewéi all eis Emissiounen aus dem Radios-Archiv vum 100,7 eroflueden.

Eis nächst Emissioun geet den 14. Juni 2014 vun 18h30 bis 18h45 iwwert d'Antenn vum radio 100,7.

André SCHWARZ

actualisée le 2014.05.05 — © Lycée des Arts et Métiers