LAM  
 
   





 
Schülerradio > Emissions > Neie BTS Cinéma et Audiovisuel

Neie BTS Cinéma et Audiovisuel [12.07.2014]

Dir Damen an Hären

Léif Kolleginnen an Kollegen

Den Schülerradio aus dem LTAM ass dësen Samschden 12. Juli um radio 100,7 vun 18.30 bis 18.45 Auer fir e Schülerradio BTS Spezial

Zënter Juni 2014 ass d'Famill vun den BTS-Formatiounen am LTAM méi grouss ginn an ziélt elo 6 BTS-Formatiounen.

An zwar ass am Beräich vun der Technik de neien BTS Génie Automatique derbäi komm. Dës Formatioun leeft ericht am September 2015 un an mir wärten am Laf vum nächsten Schouljoer dës Formatioun méi genau virstellen.

Am September vun dësem Joer leeft awer déi zweet nei BTS-Formatioun un an zwar am Beräich vun den Arts appliqués.

D'Coordinatrice an Filmproduzentin Anne Schroeder huet dem Lara dësen neien BTS Cinéma et Audiovisuel an engem Interview detailléiert virgestallt.

Matgeschafft un dëser Emussioun hun d'Lara vun der 9e-Optioun Radio vum 3. Trimester an d'Claire an de Sven vun der 12GE2. Produzéiert an realiséiert vum André Schwarz.

Dir empfänkt den radio 100,7 op der Frequenz 100,7 MHz an als Livestream am Internet ënnert www.100komma7.lu.

Wann dir keng Zäit hut eis Emissioun live ze lauschteren, dann kënnt Dir se zu all Moment ewéi och all eis fréier Emissiounen aus dem Radios-Archiv vum 100,7 eroflueden.

André SCHWARZ

actualisée le 2014.07.12 — © Lycée des Arts et Métiers