LAM  
 
   





 
Actualités > Archives > Année 2017 > Design Awards - Junior Talents Année 2018 - Année 2016 - Année 2015 - Année 2014 - Année 2013 - Année 2012 - Année 2011
Année 2010 - Année 2009 - Année 2008 - Année 2007 - Année 2006 - Année 2005

Design Awards - Junior Talents
02.06.2017

Mat vill Freed kann ech iech matdeelen dat gëschter Owend eis Studenten Michael Soares a François Bernabei vum BTS Opérateur prépresse een Präis am Kader vun den Design Awards iwwerreecht kruten!

http://www.designawards.lu/

Den Design Awards gëtt vun Design Luxembourg organiséiert a si kruten virun engem professionellen Public den 2.Präis “Silver” an der Kategorie “Junior Talents” fir hiren Projet “hab” iwwerreecht.

Hiren Projet huet doranner bestanen eng Ënnerkonft fir sans Abris z’entwerfen déi einfach a gënschteg réaliséiert ka ginn a designsméisseg sech op eng interessant Art a Weis an d’Staadlandschaft integréiere kann. Dorobber hunn si dunn eng komplett Corporate Indentity entwéckelt fir den Produit ze vermaarten (Logo, Brochure, Affiche, Visitekaarten a Internetsäit am Responsive Design) .

Den Commentaire vum Jury:
Sensible product and service design; consitent design thinking in product: brochure, posters and all other digital visuals; great "design for all” example.

Weider Infoe iwwert den Projet fannt dir um Internetsite: www.hab.lu
Den Projet selwer, deen am Mee an der Kufa gewisen gouf, ass nach bis den 30. Juni am Ateliersgebai Bloc B (um 3.Stack tëschent den Säll B36 a C32) ausgestallt.

 

Yvan KLEIN

2017-06-02-21-53-Design_Awards_Junior_Talents_SILVER.png

actualisée le 2017.06.02 — © Lycée des Arts et Métiers