LAM  
 
   



 
Associations > Comité des parents > Froen an Commentären zum 5611

Froen an Commentären zum 5611APELTAM

Léif Schülerinen an Schüler,

De Comité des Parents wor frou iwert dee groussen Intressi, deen dir gewisen hutt, wéi den Här Biltgen am Arts et Métiers wor, fir iech Ried an Äntwert ze stoen.

Beandrockend wor och är Art a Weis Froen ze stellen.

Leider konnt nët jiddereen dobäi sin, an d'Zäit wor einfach ze kuerz, fir dem Minister Biltgen all är Froen a Suergen matzedeelen.

Well mir dat Gefill hun, datt där nach en etlech opstinn an den Här Minister jo gemengt huet, dir dierft jidderzäit un hien schreiwen, bidden mir iech eng elektronesch Bréifkëscht un.

Dir kënnt dat eenzel, am klengen Grupp oder als Klass machen.

Schéckt är Froen an Commentären zum 5611 un <http://www.ltam.lu/index.php?include=email&?q=CEF6XwdGDUgVe29GNUgSfDUwSHRE_37>

Dës Bréifkëscht ass fir sämtlech Schüler aus dem LTAM.

De Comité sortéiert ären Courrier dem Alter an Sujeten no, esou wäit dat méiglech ass. Duerno gi mir dann alles weider un den Minister Biltgen.

Vergiesst w.e.g. nët ären Numm, Alter an/oder Klass un ze ginn.

Wa mir eng Äntwert vum Här Biltgen kréien, kritt dir déi selbstverständlech och matgedeelt. Är Elteren an dir kënnt se op onsem Site vun der Schoul noliesen.

Mir freen ons schon op är Post an wënschen iech och weiderhin vill Spass an Erfoleg an der Schoul.

 

De Comité des Parents

actualisée le 2009.12.23 — © Lycée des Arts et Métiers