LAM  
 
   

 
Schülerorchester > Zum Orchester

Zum Orchester

D’Iddi um Lampertsbierg en gréisseren Schülerorchester ze grënnen, koum schon firun 2-3 Joer op.

Ausgangspunkt war d’LTAM-Musek. Nodiems dësen Orchester Schüler aus aneren Schoulen fir Regëster, wou kéng LTAM-Schüler ze fannen waren, invitéiert hat, wollten mir dëst Joer op de Wee goen, e gemeinsamen Harmonies-Orchester tëscht dem LTAM an LGL an d’Liewen ze ruffen. Langfristëg koum eis de Gedanken, dass et flott wier, en “Lampertsbierger-Schülerorchester” opzebauen, fir kéng Lampertsbierger Schüler auszeschléissen, di an hiere Lycéen kéng Gelegenheet hun, an engem Harmonies-Orchester ze spillen.

An enger éischter Etappe haten sech den 22. an den 23. Mäerz 2010 Schüler aus dem LGL an LTAM am Festsall vun der Handwierkerschoul fir eng gemeinsam Prouf-Sessioun mat Ofschlussconcert getraff.

Am Joer 2010-2011 ass den LTML voll am Orchester integréiert. Den Lamperstbierger Schülerorchester (LSO) soll daat weiderféieren, waat den Här Gieres, ehemolegen Direkter vum LTML, iwwer laang Joeren erfollegräich obgebaut huet: d'Lucius-Musik.

Zanter 2010 sin och Schüler a Profen aus dem LRSL vertrueden, Schüler aus dem LTC dierften natierlech och matspillen.

Am Moment sinn iwwer 50 Schüler Member am Orchester an si gin do vu Profen begleed, di all och selwer en Instrument spillen.

No Méijelechkeet probéiere mir op extern Aushëllefen ze verzichten: am déiwe Blech si mir awer op Hëllef ugewiss,

su dass mer eisen Anciëns, di ëmmer bereet sinn eis hei ze hëllefen, hei en häerzlechen Merci soen.

GruppebildvumOrchester

actualisée le 2011.02.16 — © Lycée des Arts et Métiers